7 Stonnen Zuchfaart oder 478 Stonnen Natur am Livestream a stonnelaang geschitt einfach näischt: genee dat ass de Succès vu Slow-TV-Sendungen.

478 Stonne laangen Natur-Livestream

Eréischt leschte Sonndeg ass déi 7. Staffel vun "Den stora älgvandringen" no bal dräi Wochen op en Enn gaangen. Op SVT Play, der Plattform vum ëffentlech-rechtleche Sender SVT, kënnen d'Leit schonn zanter 2019 all Fréijoer an engem 24-Stonne-Livestream déi "grouss Elchwanderung" suivéieren.

Natur sou wäit ee kucke kann, Schnéi bedeckte Buedem an d'Geräischer vu Villercher am Bësch oder d'Dausche vum Waasser. E groussen Deel vun de 478 Stonne Sendezäit gesäit an héiert ee virun allem d'Natur a Schweden. Bleift een awer drun, kann ee gesinn, wéi d'Natur hire Laf hëlt an d'"Kinneke vum Bësch", wéi Elchen nach genannt ginn, op grouss Wanderung bei hir Summerweede ginn. Groussen Highlight: Wann déi wëll Déieren iwwer de Floss Ångermanälven ginn.

Zanter hirer Première 2019 ass de Livestream vun engem Nischenexperiment zu engem kulturelle Programm ginn, dee 2024 bal 9 Millioune Spectateuren ugezunn hat. "Mir sinn immens zefridden", sot de Johan Erhag, Projet-Direkter vun SVT fir d'Serie géigeniwwer der englescher Zeitung "The Guardian". Hien huet confirméiert, datt d'Ekipp zanter dem Start de 15. Abrëll dëst Joer am Ganze 478 Stonne Filmmaterial opgeholl hunn. Ganzer 26 Kameraen, 7 Nuetssiichtkameraen an eng Dron hunn onënnerbrach Filmmaterial iwwerdroen. Op de leschten Opname konnt ee 70 Elchen nokucken, wéi si iwwer de Floss Ångerman gaange sinn.

Faszinatioun "Slow TV" wiisst

Déi "Grouss Elchwanderung" ass Deel vun der wuessender Faszinatioun fir "Slow TV" - e Genre, deen 2009 ugefaangen huet, wéi den norwegesche Sender NRK 7 Stonne laang eng Zuchfaart vu Bergen op Oslo iwwerdroen huet.

Zanterhier huet d'Konzept a ganz Europa Kultstatus, mat Sendunge wéi en 12 Stonne laange Stréckmarathon, eng 134 Stonne laang Croisière oder souguer e Stream vun engem Kamäin, deen um zweete Chrëschtdag an den Netflix-Charts a Groussbritannien op Plaz 1 stoung.

Fir vun der Popularitéit ze profitéieren, huet SVT souguer Push-Noriichte verschéckt, wéi den éischten Elch opgedaucht ass. An engem Facebook-Grupp mat 76.000 Member gouf ausserdeem och Siichtunge gemellt oder iwwer den nächsten Optrëtt spekuléiert.

Obwuel déi offiziell Zuele fir dës Saison nach net publizéiert goufen, huet SVT dem Guardian confirméiert, datt d'Elchwanderung och am nächste Fréijoer fir eng 8. Editioun zréck wäert sinn.