Dëst Joer steet ganz am Zeeche vum 400. Anniversaire vun der Muttergottesveréierung. 

E Samschdeg de Mëtteg war déi feierlech Ouverture vun der Muttergottes-Oktav an der Kathedral, an dat a Presenz vum Kardinol, dee vu Roum zeréck op Lëtzebuerg komm ass. Zesumme mam Weibeschof huet de Jean-Claude Hollerich d’Andacht zelebréiert, an déi war dëst Joer nach e Stéck méi feierlech wéi soss. Et ass nämlech déi 400.Editioun zu Éiere vun der Consolatrix Afflictorum.

400 Joer hu mir hei am Land eng speziell Relatioun zur Muttergottes, an déi ass, vu 1640 un, iwwer eis Grenzen eraus gewuess. Den Optakt vun der Oktav hätt déi Kéier kënnen ouni de Kardinol zelebréiert ginn – gouf se awer net – de Jean-Claude Hollerich huet Maria eran an d’Kathedral begleet.

D’Andacht, wéi gewinnt feierlech, war vum Gesang dominéiert – bis, de Weibeschof an Oktavpriedeger d’Wuert krut: "Mir si frou, dass dir erëm hei sidd", sot hien... dat war natierlech fir de Kardinol, net fir Maria.

Et goung ëm d’Thema vum Hellege Joer respektiv vum Oktav-Jubiläum: "Pilger vun der Hoffnung" ass dat. Persounen als Hoffnungsträger, mee mir wiere keng Pilger vun den Erwaardungen.

Hoffnung wier kee vage Wonsch fir de Poopst Franziskus gewiescht, mee e Kaddo vu Gott un eis.

D’Muttergottes, d’Tréischterin koum, eiser Meenung no, e Stéck ze kuerz fir den Optakt vun hirem Fest. Mee d’Oktav ass eréischt vun dësem Samschdeg un amgaangen, an de Bistum versprécht, fir hire Anniversaire, en extrae Programm.

An der Nuecht op e Sonndeg bleift d’Kathedral op, fir d’Nuit des Cathédrales. Um 22 Auer treffen déi Jonk sech zu Lënster fir hire Pélé des Jeunes a pilgeren vun do aus an d’Kathedral an d’Ënneschtgaas, wou de Kardinol um 19.30 Auer d’Mass hält.
 
Dee ganze Programm vun der Oktav fënnt een op cathol.lu.

Startschoss fir de Mäertche war awer schonn e Freideg. No 5 Joer sinn d'Stänn nees zréck um Knuedler. Awer an e bësschen engem anere Look. Op Initiative vun der Gemeng gouf e groussen Iwwerdaach an der Mëtt vun der Plaz installéiert,  wou een drënner iesse kann. Grouss Restaurantsbuden dogéint gëtt et dëst Joer keng méi. De Mäertche wéi och d'Oktav ginn nach bis de 25. Mee.