Vu stressege Marketing-Events zu London bis op d'Yogamatt an Thailand, esou kann een dem Maura Pianaro säi Wee kuerz beschreiwen.

D’Fra vu 35 Joer gëtt haut Yoga-Coursen zu Lëtzebuerg an an der Welt. Am Sonndesinterview schwätzt si iwwert hir "Healing Journey", d'Spiritualitéit a wisou se Yoga net méi aus hirem Liewen ewechdenke kann.

Maura, wéi géifs de dech selwer beschreiwen?

"Ech sinn d'Maura, an der Yoga-Welt kennt ee mech als Maura Explorer. Ech si leidenschaftlech an och Vollzäit Yogaproff aus Lëtzebuerg. Wat mir wichteg ass, ass dass Yoga accessibel ass an och, dass mer Spaass hunn, wa mer Yoga maachen."

Du hues awer net ëmmer Yoga gemaach?

"Nee, ech hunn a London Event a Business Management studéiert, dat war deemools meng Leidenschaft. A spéider hunn ech do an Events, Marketing an als Entrepreneur mat enger eegener App geschafft. Mee, ech sinn éierlech, ech war e Workaholic."

Du hues vun engem Moment an dengem Liewe geschwat, wou alles geännert huet, wat ass geschitt?

"Ech hunn Dag an Nuecht geschafft an dat huet mer och bis op ee Punkt wierklech gefall, mee ab engem Punkt ass dat mer op eemol ze vill ginn. [...] Fir Stress ofzebauen… ech hunn immens vill gedronk. Mäi Liewensstil huet sech ganz geännert, et war net méi gesond, och net mental."

Vu Marketing-Events bis op d'Yogamatt.

Wéi koum d’Decisioun, fir eppes ze änneren?

"All Kéiers, wann ech op meng Matt gaange sinn, ech hu mech gefillt wéi doheem. Also eng sécher Plaz. An dat huet mech esou interesséiert, dass ech mir geduecht hunn, ech wëll méi léieren. 2017 hunn ech decidéiert vu London fortzegoen. Ech hunn alles zréckgelooss."

Du hues dech da fir de Yoga-Training op d'Rees gemaach?

"Ech sinn an Indien gaangen, fir en Training ze maachen, duerno an Thailand. Ech wollt ëmmer weider léieren, ech sinn net nëmme Workaholic, awer och Student for Life. Et war éischter eng Healing Journey, fir mech ze heelen."

Wéi finanzéiert een esou e Liewensstil?

"Ech war jorelaang um Spueren an ech hunn ëmmer geschafft, Karma Yoga, an der Kiche gehollef, op enger Farm geschafft, Marketing fir Clienten zu London. Ech sinn en Iwwerliewenskënschtler."

Wat léiers de haut nach derbäi?

"Lo grad maachen ech nach e Studium am Neuro-Yoga, dat heescht alles, wat mam Gehier ze dinn huet an dem Nerve-System. Et geet drëm, de Kierper besser z’ënnerstëtzen."

Mëttes Yoga a moies Ofrechnungen?

"Säit Oktober 2024 maachen ech dat Vollzäit. An ech bereien et net. Et gefält mer immens gutt. Ech hu méi Zäit fir mech, fir meng Famill. Et ass nach ëmmer en Hustle, mee ech fille mech gutt."

Bass du ukomm oder geet d'Rees weider?

„Meng nächst Rees ass Éisträich op e Yoga-Festival, duerno Thailand op eng Yoga-Konferenz. Ech deele gär meng Leidenschaft."

Wéi gesäis de de Stress an eiser Gesellschaft?

"Ganz vill. D'Leit hunn en iwwerfëllte Programm. Mee d'Gesondheet geet vir. Ech fannen dat wichteg, dass mer esou en Espace schafen, wou d'Leit kënnen erofkommen. Yoga kann hei wierklech eng Hëllef sinn."

E puer Yoga-Übunge fir Stress ofzebauen

Ass Yoga fir dech och spirituell?

"Wann een iwwer Spiritualitéit schwätzt, da gesäit een direkt e Jogi, deen do sëtzt a meditéiert. Mee fir mech ass et alles, wou ee mat sech an Aklang kënnt. Et muss net spektakulär sinn, just e Moment fir dech."

Zum Schluss: Wat bedeit Gléck fir dech?

"Meng Freed ass et, moies kënnen opzestoen ouni Stress. D'Fräiheet ze hunn, dass ech meng Prioritéit sinn. Meng Famill, meng Gesondheet. Dat ass fir mech Gléck."