Phishing: Opgepasst bei der Reservatioun iwwer d'Booking-App

Vill Leit buchen hir Vakanz oder op d'mannst emol hir Schlofgeleeënheet iwwer Booking. Ma och d'Reservatiounsplattform ass virun Onéierlechen net sécher.
Elo hu sech déi Kriminell nei Tricken afale gelooss, fir op onéierlech Manéier un d'Donnéeë vu Clienten ze kommen. Iwwert den internen Noriichteservice kritt een e Message vum presuméierten Hotel oder Iwwernuechtungspartner, bei deem ee reservéiert huet. Et wiere wuel Detailer vun der Kaart falsch, kritt een ënner anerem als Grond genannt an et gëtt een opgefuerdert, iwwert e Link seng Reservatioun nach emol ze confirméieren, anerefalls géif se annuléiert ginn.
A Wierklechkeet kommen d'Messagen net vum Hotel, ma vu kriminellen Acteuren, déi sech en Zougang zum Account vum Hotel verschaaft hunn. Dës Messagë gesinn immens real aus. D'Gefor, dorop eranzefalen, ass immens grouss, well se en plus direkt iwwer d'Booking-App kommen. Den Design gouf allerdéngs kopéiert.

Hei e Beispill vun engem gefälschte Message op der Booking-App
Wéi konnt dat passéieren?
E Mataarbechter wier op eng E-Mail mat falschem Absender eragefall an esou konnten d'Hacker op d'Date vu Booking.com zeréckgräifen. Si krute sech carrement an den Extranet vun der Plattform eragewielt. Do fannen d'Hacker dann och Kommunikatiounen tëscht Gaascht an Hotel.
Déi Onéierlech verschécken iwwer d'Plattform Noriichten, déi ausgesinn, wéi wa se vum Hotel selwer wieren. Do gi si opgefuerdert, hir Donnéeën nach emol ze kontrolléieren an de Montant, dee jo net ofgebucht gi wier, nach emol ze bezuelen.
D'Sue landen op engem auslännesche Kont a si fort.
D'Sécherheet gouf schonn erhéicht
Mat der sougenannter Zwee-Faktor-Authentifizéierung gouf d'Sécherheet bei Booking schonn eropgeschrauft. Änlech Virfäll gouf et nämlech schonn 2023. Do goufe ronn 1,5 Millioune gefälschte Phishing-Reservatioune festgestallt a blockéiert. 2024 wier dës Zuel duerch Sécherheetsmesuren op 250.000 Fäll erofgaangen, ma déi Onéierlech géife sech ëmmer nees nei Methoden afale loossen, fir Clienten iwwert den Dësch ze zéien.
Wat maachen, wann ech en Doute hunn?
En Uruff beim jeeweilegen Hotel oder Iwwernuechtungspartner hëlleft an dëse Fäll, d'Situatioun opzeklären. Sënnvoll ass, Booking ze kontaktéieren, och wann et vun der Plattform heescht, dass si ni per Chat no sensibelen Donnéeë froen.
Ass et schonn ze spéit an et ass een drop eragefall, sollt een als alleréischt direkt seng Visaskaart blockéieren a seng Bank kontaktéieren. Dono sollt ee beschtefalls, wann ee Sue verluer huet, eng Plainte bei der Police maachen. Wichteg hei ass, dass een de Bedruch noweise ka respektiv den Echange mat der Fake-Säit dokumentéiert.