Op der Artemis-II-MissiounHouston, mir hunn e Problem... mat der Toilette

AFP, iwwersat vun RTL
No engem erfollegräichen Tour ronderëm de Mound war eigentlech alles gutt gaangen op der Missioun vun der Artemis-II-Crew - ausser mat der 23-Milliounen-Dollar Toilette, déi verstoppt ass.
The Artemis II astronauts say there is a problem with the $23 million toilet aboard their spacecraft -- it won't flush wastewater into space
© NASA/AFP

De System, fir d’Waasser ze zéien, funktionéiert net richteg. D’Nasa mengt, de Problem kéint duerch eng cheemesch Reaktioun am System, fir den Urin ze traitéieren, kommen. Dee fir d’Fäkalie géing nämlech ouni Problem funktionéieren. D’Astronautin Christina Koch sot, datt de “Universal Waste Management System”, also hiren Toilettë-System, no “verbranntem Uewe” géing richen.

Dem Rick Henfling, Fluchdirekter vun der Artemis-II-Missioun, no kéint een d’Toilette nach ëmmer benotzen, allerdéngs misst dru geschafft ginn, den Ofwaassertank eidel ze kréien. “Dowéinst musse mir op aner alternativ Mëttel zréckgräifen.” De Plang B géing deemno virgesinn, datt déi véier Astronaute perséinlech Behälter benotzen, déi een nach emol benotze kann - sougenannt “collapsible contingency urine disposal devices”.

De Problem mat der Toilette war scho kuerz nom Start zu Cape Canaveral a Florida gemellt ginn. D’Christina Koch hat de System doropshin nei gestart. Dono hat et geschéngt, wéi wann de Problem geléist wier. Ma de Problem ass awer nees opgedaucht, wouduerch d’Astronauten net richteg spulle kënnen.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO