
Laachgas ass och nach als N2O bekannt, e Gas ouni Faarf, dee séiss richt an dee sech souwuel fir medezinesch wéi och fir industriell Zwecker eegent.
Déi Jonk gebrauchen dëse Gas manner fir Schlagsan ze maachen, mä vill méi als Partydrog. Wat genee geschitt, wann ee Laachgas anotemt, erkläert de Luc Both vum CNAPA:
“Dat wat typesch ass, ass sou e klengt Gefill vu Wuelbefannen, deelweis bis hin zu Euphorie. Och sech sou e bëssi beniwwelt fillen, dass et engem liicht schwindeleg gëtt, dass ee vläicht e Kribbelen duerch de Kierper spiert oder och dass d’Perceptioun sech kann änneren, dass ee vläicht Saachen héiert, déi net onbedéngt do sinn oder aner Saachen héiert. Dass ee sou Echoen héiert, dass eng Verzerrung do ass an och de Verloscht vum Zäitgefill ka kommen.”
Dee Rausch kënnt dann och zimmlech direkt an dauert net laang, an der Moyenne sou tëscht 30 Sekonne bis maximal 4 Minutten.
De “Service de Prévention Capitale” vun der Police organiséiert reegelméisseg Droge-Preventiounscoursen an de Schoulen. Do ass dann och Laachgas en Thema. Wichteg ass hei zum Beispill z’erklären, firwat dëse Gas iwwerhaapt do ass. Dozou de Steve Goedert, Commissaire en chef bei der Police:
“Wann dat fir Schlagsan ze maache gebraucht sollt ginn, da sollt et och dofir gebraucht ginn an dann ass et net, fir dass ech dat selwer inhaléieren, well et ass jo u sech en experimentelle Konsum, deen do virläit, wou een net weess, wat herno dobäi erauskënnt. Déi Gefore sinn extrem grouss an dofir ass et ëmmer wichteg, d’Leit ze informéieren an dofir reagéiere mir natierlech och als Police, wa mer sou Meldunge kréien.”
Wann et sech ëm Mannerjäreger handelt, déi consomméieren, ginn iwwert e Signalement déi néideg Autoritéiten informéiert an de Jugendleche gëtt mat therapeuteschen Instanze wéi zum Beispill dem “Impuls” a Verbindung gesat, fir iwwert säi Konsum ze schwätzen.
D’Geforen respektiv d’Risike sinn nämlech net z’ënnerschätzen, och wann et zwar éischter vereenzelt Fäll sinn, an deenen et richteg kriddeleg gëtt. De Luc Both vum CNAPA, nach eemol:
“D’Risike kéinte sinn, dass et engem liicht iwwelzeg gëtt bis hin zu Schwindel an och zum Schwaachfalen. An deemno wou ee fält, kann dat nach ganz aner Risike mat sech bréngen. Da wann een extrem konsuméiert, also vill oder en exzessive Konsum wéi een dat nennt, kann et bis hin zu Bewosstlosegkeet kommen, Häerzrhythmusstéierungen an et ginn anscheinend och Fäll, wou et duerch de Sauerstoffmangel och zum Doud ka féieren.”
Duerch iwwerméissege Konsum op laang Zäit kënnen och den Nervesystem belaascht ginn an Zelle souguer deelweis futti gemaach ginn, sou dass et zu Lämunge ka kommen. Ma och wann et kee Konsum ouni Risike gëtt, kann een dës awer miniméieren:
“Déi 1. Saach ass ëmmer am beschten net ze konsuméieren. Dat ass, mengen ech, deen éischte Message, deen ee soll matginn. Wann ee sech awer entscheet huet, Laachgas ze konsuméieren, dann dass een zum Beispill net direkt aus deene Kapsele konsuméiert. Well do kënnen nämlech Verbrennungen duerch Keelt kommen, dass eben d’Lëpse fréieren oder och bis zu de Bronchen oder de Keelkapp.”
Donieft sollt een och am sëtzen oder am leie konsuméieren, well da fält een net sou wäit wann et engem schwindeleg gëtt. A wärend dem Konsum sollt een ëmmer nees Pause maachen a kucken, dass frësch Loft an de Kierper kënnt, dat heescht erausgoen a frësch Loft anootmen. Leit mat Virerkrankunge sollen am Beschte ganz op de Konsum verzichten.