Déi amerikanesch Kommissioun fir Telekommunikatiounen (FCC) erkläert, dass 5G net méi schiedlech wéi 4G soll sinn.

Bis elo kennt een net all d'Auswierkunge vun engem massive Notze vum 4G-Reseau, dofir muss een dee Rapport relativéieren. Ähnlech Etüde sinn an der Belsch oder an Holland nach net ofgeschloss. A Frankräich ass d'ANFR (agence nationale des fréquences) op déi nämmlecht Conclusioun wéi d'FCC komm an d'Installatioun vum 5G-Reseau soll nächst Joer ufänken.

Zu Lëtzebuerg ginn déi éischt 5G-Antennen och 2020 installéiert. Et gëtt sech vill vun dëser neier Technologie erwaart, well se ronn 100 Mol méi séier wéi de 4G soll sinn.

Liest och: Monaco ass dat éischt Land, wat komplett mat 5G equipéiert gouf