Start vun Angara-A5 am drëtten Ulaf gegléckt

© ROSCOSMOS/AFP/Handout
D'Rakéit ass en Donneschdeg vum der Weltraumgare Wostotschny fir en Testversuch ofgehuewen.
"D'Rakéit schafft wéi geplangt", erkläert déi russesch Raumfaartagence Roskosmos. Dës Woch war de Start schonns zwee Mol verréckelt ginn.
Eigentlech hätt d'Rakéit Angara-A5 en Dënschdeg solle starten, gouf wéinst engem technesche Feeler awer op 24 Stonnen no hanne verréckelt. E Mëttwoch koum et dunn nees zu engem techneschen Defekt vum Kontrollsystem, sou dass de Start a leschter Minutt ofgebrach gouf. De Chef vu Roskosmos Juri Borissow hat dunn en drëtte Versuch fir en Donneschdeg annoncéiert, deen dann och gegléckt ass.
D'Angara-A5 huet en neien Driff, un deem d'Entwéckler joerzéngtelaang geschafft hunn. De Fait, datt de Start e puer Mol verréckelt gouf, war e grousse Réckschlag fir de russesche Raumfaartsektor, deen an de leschte Jore mat finanzielle Probleemer a Korruptiounsskandaler ze kämpfen hat.
D'Rakéit soll dofir suergen, datt Russland den Zougang zum Weltraum net verléiert. D'Land wëll se fir de militäresche Gebrauch asetzen an domat zum Beispill Satellitten an de Weltraum schécken.