Pionéier fir digital Kommunikatioun geet an d'Pensioun

© Photo by CFOTO / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Wien Enn den 90er-Joren um Internet ënnerwee war, ass net laanscht de Kuerznoriichtendéngscht ICQ komm. No méi wéi 27 Joer ass domat Schluss.
De Bedreiwer vum Messenger wäert ICQ Enn Juni ofschalten. Obwuel déi meescht e warscheinlech bal vergiess haten, léisst ICQ eng Partie Erënnerungen a ville Leit aus.
Deene méi jonke Leit, seet den Numm villäicht näischt, ma ICQ hat d'Kommunikatioun um Internet deemools reegelrecht revolutionéiert. ICQ, op Englesch ausgeschwat "I seek you", also "ech sichen dech", war esou eppes, wéi de Virleefer vu WhatsApp a Facebook Messenger.
Zu deene beschten Zäiten huet all fënneft Persoun weltwäit, déi um Internet war, och ICQ genotzt. Zu dëser Zäit huet nach kee vu Google, Amazon oder Facebook geschwat. Et goufe grad emol 500.000 Milliounen Internetbenotzer, ma 100.000 Milliounen dovu waren op ICQ aktiv.
Spéider, zum Schluss vun den 2000er ware 470.000 Milliounen Notzer op ICQ registréiert.