Starship-Rakéit bei 4. Testfluch mat Succès am Mier gelant

© Image SpaceX / X
Déi bis ewell gréisst Rakéit Starship, mat där an Zukunft Leit op de Mars fléie sollen, huet hire 4. Testfluch erfollegräich ofgeschloss.
No ronn enger Stonn Fluch ronderëm d'Äerd ass déi 120 Meter laang Rakéit vu SpaceX en Donneschdeg mat Succès am Mier vum Golf vu Mexiko gelant. Op hirem Account op der Plattform X huet SpaceX "d'Waasserlandung confirméiert" a gratuléiert der ganzer Ekipp zum véierten Testfluch vun der Starship.
Gestart war d'Rakéit vun der Weltraumgare Boca Chica am US-Bundesstaat Texas. D'Rakéit soll méi spéit eng Kéier Astronaute fir d'Nasa op de Mound, awer och vläicht eng Kéier Mënschen op de Mars bréngen.
Bei den dräi viregte Versich war d'Rakéit all Kéier zerstéiert ginn, wat fir SpaceX awer en akzeptabele Präis fir seng séier Versuch-an-Iertum-Method bei der Entwécklung ass.