Techfoire CES ass zu Las Vegas lancéiert

© AFP
En Dënschdeg huet d'Consumer Electronics Show, kuerz CES, offiziell hir Dieren opgemaach.
D'Experte ginn dovun aus, dass d'Thema Kënschtlech Intelligenz omnipresent wäert sinn. Egal ob Aueren oder Spigelen, mat deenen ee ka kommunizéieren, oder Planzendëppen, déi eegestänneg decidéieren, wéini eng Blumm muss genätzt ginn oder nach en Halsband fir Kéi, dat Infektiounen erkennt, "jidderee wäert iwwer KI schwätzen", sou d'Carolina Milanesi, Analystin bei Creative Strategies. Ma ochTechnologien ronderëm den Auto ginn ëmmer méi wichteg. An deem Sënn wier d'CES scho méi laang och eng Autosfoire, sou den Analyst Avi Greengart.
Wat erwaart ee soss nach? Dat fannt Dir hei.