Meilesteen fir d'indesch Raumfaart: Nodeems 2 Satellitten am Dezember an de Weltraum geschoss an do getrennt goufen, konnten dës rëm zesummegefouert ginn.

Déi zwee 220 Kilogramm schwéier Satellitte wieren an enger "Prezisiounsprozedur" rëm zesummegefouert ginn, heescht et en Donneschdeg vun der indescher Raumfaartagence Isro. Dëst hätt zu engem "erfollegräichen Afänke vum Satellit" gefouert. D'Isro beschreift de Virgang als "historesche Moment".

Zil vun der Missioun wier d'Entwécklung vun enger Technologie, déi fir d'Un- an Ofdocke vun zwee klenge Raumfaartgefierer néideg ass, heescht et weider. Fréier Versich waren duerch technesch Problemer verréckelt ginn.

No Russland, den USA a China ass Indien elo dat véiert Land, deem esou e "Space Docking Experiment" (SpaDex) gelongen ass.

Isro no ass dës Technologie fir eng indesch Moundmissioun "onverzichtbar". Den indesche Premier Narendra Modi hat d'lescht Joer annoncéiert, datt säi Land bis 2040 eng bemannt Missioun op de Mound schécke wëll. Schonn am August 2023 war et Indien als weltwäit véiert Natioun gelongen, mat enger Raumsond um Mound ze landen.