Um 7.11 Auer eiser Zäit ass e Mëttwoch am fréie Moien d’Rakéit Falcon 9 vu SpaceX gelauncht.

Et ass e Projet vun der japanescher Firma ispace inc., déi och e Sëtz zu Lëtzebuerg huet. Soumat huet och de Grand-Duché eng gréisser Roll un der zweeter Missioun vun ispace gespillt, well u Bord ass e Rover, deen zu Lëtzebuerg gebaut gouf.

D’Missioun geet op de Mound, wou de Rover soll Regulit, also eng Zort Stëbs, sammelen. Dee kënnt zréck op d’Äerd, wou en dann un d’NASA transferéiert gëtt fir weider Analysen. Donieft gëtt och no Waasser gefuerscht. D’Wëssenschaftler erwaarden, dass si dees um Mound fannen. D’Zil vun der Missioun ass och fir ze weisen, dass eng Privatentreprise esou eng Maschinn kann entwéckelen.

Bis zur Landung wäerte 4 bis 5 Méint vergoen. Nom Soft landing um Mound kënnen dann och ënnert anerem eng Maquette vun engem schweedesche Kënschtler op de Mound bruecht ginn.

Zu Lëtzebuerg ass déi relativ kleng lokal Weltraumcommunautéit zesummekomm. Och de Premier Luc Frieden war do, och wéi eng Demonstratioun vun enger Replik vum Rover op artifiziellem Mound-Terrain gewise gouf.

“Mir hunn e Stéck Lëtzebuerg op de Mound geschéckt”, esou de Luc Frieden. “Ech sinn immens beandrockt, wat d’Ingenieuren hei zu Lëtzebuerg vun ispace fäerdeg bruecht hunn, fir e Roboter, en Auto, op de Mound ze schécken, deen do Stëbs, Regulit, kann opsammelen."

Et ass déi zweet Missioun vun ispace. Déi éischt war 2022, ma do ass d’Soft landing um Mount net gelongen, dat heescht, et gouf net genuch gebremst. Et hätt een awer aus deem Feeler geléiert an och déi drëtt Missioun ass schonn a Planung.