Nom Geriichtsurteel e Freideg ass d'Spär vun TikTok an den USA um Sonndeg de Moien a Kraaft getrueden.

An der Nuecht op e Sonndeg ass TikTok fir Millioune vun amerikanesche User offline gaangen. Ronn 170 Milliounen Amerika notzen d'Plattform aus China reegelméisseg.

Leit, déi d'App dee Moie wollten opmaachen, krute just ee Message: "Et deet eis leed, et kann een TikTok aktuell net opruffen. E Gesetz, wat an den USA a Kraaft getrueden ass, huet TikTok gespaart. Leider bedeit dat, datt Dir TikTok aktuell net notze kënnt".

Dëst koum, nodeem de Supreme Court e Freideg d'Gesetz, wat TikTok an den USA späert, guttgeheescht huet. D'Gesetz, wat den Joe Biden schonn d'lescht Joer am Abrëll ënnerschriwwen hat, hat och eng Majoritéit an de Support vu béide Parteien am Kongress kritt. Dem Gesetz no dierfen amerikanesch Entreprisen, wéi an dësem Fall Google an Apple, den Inhalt vun der chineesescher Social-Media-Plattform net méi ubidden, ausser d'Plattform gëtt un e Keefer aus den USA oder vun engem vun hiren Alliéierte verkaf.

TikTok goung awer dovunner aus, datt dës Verbannung net fir laang wäert gëllen. Dat, well den Donald Trump, deen e Méindeg zum President gëtt, schonn annoncéiert hat, datt hie wéilt eng Léisung mat der chineesescher Plattform fannen. E Sonndeg den Owend eiser Zäit war et d'Nouvelle, datt d'Plattform an den USA nees accessibel wier, nodeems d'Bedreiwer vun der App vum zukünftegen US-President verséchert kritt hätten, keng Strofen ze kréien.

Den Trump hat schonn ugedeit, datt hien dës Spär eventuell fir 90 Deeg géif no hanne verleeën, wann hie bis am Wäissen Haus sëtzt.