Notzer a Südkorea kënnen d'App bis op Weideres net eroflueden, heescht et vun der südkoreanescher Dateschutzkommissioun.

Déi chineesesch Entreprise hätt selwer awer och schonn unerkannt, datt a Bezuch op déi südkoreanesch Dateschutzreglementatiounen, Verbesserungen néideg wieren, heescht et weider. Dës géingen allerdéngs "zwangsleefeg eng erhieflech Zäit an Usproch huelen", heescht et vun Deepseek. Bis all Probleem behuewen ass, géif d'App a Südkorea gespaart bleiwen.

D'App gouf e Samschdeg gespaart, wie se do virdru schonn erofgelueden hat, ka se awer weiderhi benotzen. Südkoreanesch Notzer goufen trotzdeem ugewisen, de KI-Déngscht "mat Virsiicht" ze benotzen. Et sollt een deemno méiglechst keng perséinlech Donnéeën deelen.

Och an anere Länner gëtt iwwert eng potenziell Spär vun DeepSeek diskutéiert. An Australien däerf d'Applikatioun net op Geräter vu Regierungsmataarbechter genotzt ginn, och an den USA an Däitschland gouf eng entspriechend Debatt lancéiert.

Eegenen Aussoen no géif DeepSeek d'Donnéeë vun Notzer a "séchere Serveren an der Volleksrepublik China" späicheren.