26. Mäerz 2011: Taina Bofferding a Serge Wilmes

Mat de Käpp vun der JSL an der CSJ schwätze mir iwwert aktuell politesch Sujeten, iwwert d'Harmonie an der CSV/LSAP-Koalitioun an natierlech d'Gemengewahlen.
Nowuesspolitiker am "Background": Taina Bofferding, Presidentin vun de Jongsozialisten, a Serge Wilmes, President vun der chrëschtlech-sozialer Jugend.
Wéini ass dee richtegen Alter, fir mat der Politik unzefänken, wéini soll een d'Fanger dervunner loossen a wéi eng Politik soll een an der Zäit dertëscht maachen?
Dat ass graff resüméiert d'Spannungsfeld vun eiser Emissioun "Background", am Gespréich mam Taina Bofferding vun de JSL a mam Serge Willmes vun der CSJ.
Mat der Presidentin vun de Jongsozialisten a mam President vun de Jonke Chrëschtlech Soziale schwätze mer iwwert hir Iddien an der Politik, iwwert d'Matenee vu méi Jonk a méi Al, iwwer Musek an iwwer éischter Privates.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.