Den DP-Europadeputéierten ass Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Mam him schwätze mer ë.a. iwwert d’Asylproblematik an d’Entwécklungshëllef.

Zanter e puer Deeg a Wochen ass d’Asylproblematik hei am Land an an Europa nees en Aktualitéitssujet. Wéi solle Lëtzebuerg an Europa domat ëmgoen? Kann z.B. méi Entwécklungshëllef fir Länner an Afrika dee Stroum u Leit a Richtung ale Kontinent limitéieren?

Ë.a. doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam DP-Europadeputéierte Charel Goerens.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.