Invité an eiser Emissioun "Background am Gespréich" eis déi Kéier dee bekannte "Wort"-Journalist Josy Lorent, deen zanter kuerzem an der Pensioun ass.

En ass zanter ronn 40 Joer Journalist, den Ament President vum Conseil de Presse an zanter e puer Wochen offiziell an der Pensioun. De Bic huet de Josy Lorent awer net néiergeluecht, och an Zukunft sinn seng Artikelen am Wort ze liesen.

E Samschdeg schwätze mer mat him iwwert eng laang Carrière, d'Lëtzebuerger Wort, d'Presselandschaft am Allgemengen, d'Politik a Privates.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.