Op Ouschtersamschdeg ass den Dechen Edmond Ries eisen Invité an der Sendung "Background am Gespréich".

Mir schwätzen natierlech iwwert d'Relioun, och iwwert déi Leit, déi absolut näischt domatter kënnen ufänken.

Iwwert d'Wichtegkeet vum Glawen an iwwert dat, wat d'Kierch falsch a futti gemeet huet.

Eisen Invité ass awer och Hobbybauer, Hobby-Schauspiller a Footballfan.

Dee bëssen aneren Dechen, den Edmond Ries, schwätzt iwwert Gott an d'Welt.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.