Dëse Samschdeg am "Background am Gespréich": de Generalsekretär vun der CGFP, Romain Wolff.

Am Gespréich mam Guy Kaiser geet et ëm d'Reform vun der Fonction publique, ëm de Bewäertungssystem, d'Ufanksgehälter, d'Tripartite an d'Atomenergie.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.