7. Mee 2011: Roby Fischer

Bei RTL um Kierchbierg: De Roby Fischer (vir lénks) no de Chamberwahlen 2009. / © René Scho
Dëse Samschdeg am "Background am Gespréich": de Chefhuissier beim Premier, de Roby Fischer.
An eiser Emissioun Background am Gespréich gi mer dëse Samschdeg eng Grëtz an d'Kulisse vum Staatsministère luussen. Eisen Invité ass nämlech dee Mann, deen als Chefhuissier beim Premier derfir suergt, datt et organisatoresch ronn leeft.
Mam Roby Fischer schwätze mer iwwert seng Vuë vun der Politik, iwwert di ganz Diskussioune ronderëm d'Staatsbeamten an iwwert de Vëlosport, wuel di gréisste Passioun vun eisem Invité, deen ënnert anerem ee begeeschterte Fan vum Andy a vum Fränk Schleck ass.
Et geet awer natierlech och ëm dem Roby Fischer seng Aarbecht, den Alldag am Staatsministère an iwwert Aen, déi vill gesinn, an ee Mond, dee näischt verréit.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass.