28. Mee 2011: Serge Tonnar

E mécht Musek, schreift a spillt Theater an en ass Gesellschaftskritiker. Säin neisten Album "Klasseklon" ass ee grousse Succès ...
... an e Samschdeg schwetzen mer mam Serge Tonnar doriwwer.
Mir analyséieren d'Lëtzebuerger Gesellschaft a behandelen aktuell Froen, wéi d'Asylpolitik.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen). - Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
Am meeschte gelies