4. Juni 2011: Jeannot Krecké

© SIP
Froen un de Wirtschaftsminister: Si mer nach um Wee aus der Wirtschaftskris oder si mer scho ganz eraus? Ass eis Economie no där Kris nach déi selwecht?
An ass de Grand-Duché nach interessant fir grouss Betrieber aus dem Ausland?
Mir schwätzen iwwert dës Froe mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen). - Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.