11. Juni 2011: Lydia Mutsch

Si steet zanter 11 Joer un der Spëtzt vun der zweetgréisster Gemeng am Land ...
D'Buergermeeschtesch vun Esch, Lydia Mutsch, ass dëse Samschdeg Invitée an der Emissioun Background am Gespréich. Déi rasant Entwécklung vun der Stad Esch mat all hire Facetten ass ee vun den Haaptsujeten, awer och Aktualitéitsthemen, d'Gemengewahlen an déi intern Differenze bei der LSAP kommen net ze kuerz.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen). - Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.