18. Juni 2011: Ernest Cravatte

Background am Gespréich, dëse Samschdeg mam Ernest Cravatte vun der Bank Raiffeisen. Mat eisem Invité schwätze mer iwwert d'Philosophie vun enger Bank...
....vun enger Bank, di weist, datt et och anescht geet an déi doduercher besser ewéi munnech anerer duerch d'Kris komm ass.
Donieft geet et awer och ëm den Ernest Cravatte selwer, deen den 1. Juli de Poste vum President vum Direktiounskomitee vun der Raiffeisen opgëtt, fir President vum Verwaltungsrot ze ginn.
D'Bedeitung vun der Philharmonie, gutt Krimien, fir z'entspanen a Vëlofueren op der belscher Plage sinn aner Themen an eiser Emissioun.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen). - Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.