Mam Stater Buergermeeschter schwätze mir am "Background am Gespréich" natierlech iwwert d'Haaptstad an dat vill kritiséiert Nuetsliewen ...

... ma och d'Gemengewahlen am Oktober, bei deenen de Paul Helminger nach eemol matgeet, kommen zur Sprooch.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.