Wéi geet et weider - un der Spëtzt vum LCGB an un der Spëtzt vun der CSV-Fraktioun? Froen un den Deputéierten a Gewerkschaftler Marc Spautz.

Den CSV-Generalsekretär Marc Spautz ka sech ganz gutt virstellen, Fraktiounschef vu senger Partei an der Chamber ze ginn. Dat sot hien um Mëttwochmoien am Kader vun enger Pressekonferenz iwwert d'Gemengewahlen. Déi Chrëschtlech-Sozial bestëmmen de Successeur vum verstuerwene Lucien Thiel eréischt den 11. Oktober, mä de Marc Spautz sot, hien hätt sech nach ni viru Verantwortung gedréckt. De Parteipresident Michel Wolter huet ugedeit, dass hien déi Kandidatur ënnerstëtzt ...

Bleift d'Ongewëssheet, wat dem Marc Spautz seng Zukunft am Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ugeet.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.