24. September 2011: Spezial "Drëtten Alter"

De Background am Gespréich e Samschdeg steet ganz am Zeeche vum drëtten Alter. D'nächst Woch ass de Weltdag vun de Senioren, där et jo ëmmer méi gëtt.
Mir intresséieren eis fir d'Liewe am Altersheim a fir d'Rechter vun den eelere Leit. Et kënnt ee Geschäftsmann zu Wuert, dee mat knapp 80 Joer nach all Dag am Butteck steet. Et geet ëm d'finanziell Situatioun a Sport am Alter.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.