D'Jugend steet am Mëttelpunkt vun eiser Emissioun "Background-Spezial" dëse Samschdeg.

Maache sech déi Jonk Suergen ëm hir Zukunft oder sinn se allgemeng zefridden? Wéi steet et mam politeschen Engagement a wat heescht et, Junior Chef an engem Betrib ze sinn?

Dat sinn d'Froen, déi eis intresséieren. Mir ginn op déi Plazen, wou déi Jonk sech begéinen a mir ginn duer, wou et manner lëschteg ass.

Dernieft steet de Nowuess am Sport an och an der Politik am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background-Spezial.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.