8. Oktober: Alvin Sold

Den Alvin Sold ass den Invité vum Background am Gespréich den Dag virun de Gemengewahlen.
Een Dag virun de Gemengewahle schwätze mer dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich net mat, mä awer iwwer Politik ënnert anerem. Eisen Invité ass den Alvin Sold, dee bis viru kuerzem nach Chefredakter vum Tageblatt a Generaldirekter vun Editpress war.Hie weess wat Journalismus ass, kennt eis Politik a Politiker zanter Joerzéngten an huet bestëmmt Seng Meenung zur Lag vum Land.
AUDIO: D'Emissioun Background am Gespréich mam Alvin Sold.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.