Dat sot den Energieminister Claude Turmes, deen e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich war.

Mir hätten an 30 Joer einfach ze vill Zäit verluer, well Lobbye gebremst hunn a Politiker, deenen op de Läim gaange sinn, sou de grénge Minister.

Extrait Claude Turmes (1)

Haut wären Alternativ-Techniken do, wat elo nach feelt wären déi politesch Majoritéiten, mä och eng gesellschaftspolitesch Majoritéit.

All d'Leit solle matgeholl ginn, déi ganz Industrie an och d'Oppositioun, well et wär ee wierklech an enger Klimakris.

Background am Gespréich mam Claude Turmes

Klima- an Energieplang

Lëtzebuerg kritt an Zukunft eng CO2-Steier. Dat ass eng vun de Mesuren am nationale Klima- an Energieplang. Zum Beispill gëtt dann den Diesel oder de Masutt méi deier. E Beispill: bei 20.000 Kilometer d'Joer mat engem Auto, dee 6,8 Liter verbraucht, da géif dat ëm déi 70 Euro méi d'Joer bedeiten. Wat d'Hëtze mat Masutt ugeet, ass mat enger Hausse vun eppes iwwer 100 Euro d'Joer ze rechnen, jee no Gréisst vun der Wunneng a wéi gutt se isoléiert ass.

Am Fluchverkéier spillt déi national Steier net, déi 2021 soll kommen. Déi Steier hätt awer eng extrem staark sozial Komponent, wat a ville Länner net géif gemaach ginn. Dat heescht Ëmweltschutz-Mesure gi mat deene Sue finanzéiert an déi sozial méi schwaach Leit ënnerstëtzt.

Beim Tanktourismus misst sech onbedéngt eppes änneren. Wou mer wierklech schlecht sinn, ass de Verkaf vun Diesel u Camionen, huet de Claude Turmes ënnerstrach. Zanter 2016 ass de Verkaf massiv erop gaangen, ass elo 400 Millioune Liter méi héich. Mat der liichter Hausse vun den Accisen am Mee hätt ee schonn eppes Klenges gemaach, de Verkaf vum Diesel hätt sech stabiliséiert. Am Januar soll eng weider Hausse decidéiert ginn. Wéi héich déi ausfält, kéint een elo nach net soen.

Extrait Claude Turmes (2)

D'Autosteier gëtt och reforméiert, am Kader vun der Steierreform. D'CO2-Emissioune gi méi héich besteiert, dat gëllt dann awer just fir nei Autoen, déi ee keeft, net fir déi Autoen, déi ee schonn huet.

D'Elektromobilitéit soll massiv gefërdert ginn. Bis 2030 soll d'Hallschent vun den Autoen elektresch fueren. Dat wär net utopesch, well an den nächste Jore sech am Automobilsecteur enorm vill ännert a ganz vill nei Elektro-Modeller eraus kommen. Wat d'Batterien ugeet, bräicht ee méi streng Gesetzer, wat d'Produktioun ugeet. Déi géifen och kommen.

Kris bei deene Gréngen

Op d'Kris bei deene Gréngen ugeschwat, sot e ganz emotionale Claude Turmes, datt et wierklech schwéier war mam Verloscht vum Camille Gira an elo dem Häerzinfarkt vum Félix Braz. Dem Félix Braz géif et besser goen, mä en hätt nach e laange Wee viru sech.

Op d'Carole Dieschbourg ugeschwat, huet de Claude Turmes bedauert, wéi si mënschlech an der sougenannter Affär Traversini attackéiert gouf, och hir Famill wär mat era gezu ginn.

Den CSV-Deputéierte Michel Wolter wär si perséinlech därmoossen an der Chamber ugaangen. Wann hir näischt nogewise kéint ginn – wourunner hie gleeft – wär fir de Claude Turmes d'Fro, ob den Här Wolter dann nach an der Chamber bleift.

Extrait Claude Turmes (3)

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.