15. Oktober: Emile Haag

Invité am Background am Gespréich ass dëse Samschdeg den Emile Haag, CGFP-Präsident, laangjäregen Direkter vum Stater Kolléisch an Historiker.
Mat him schwätze mer iwwer d'Eurokris, d'Reformen am Secondaire, de Sënn an Zweck vu PISA-Etuden, den Niveau vun de Schüler, hir Kompetenzen an natierlech d'Fonction publique, den Index an d'Spuer-Efforte beim Staat.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
Am Hibléck op d’Suite vun der Tripartite a virum Hannergronn vun nees bessere Staats-Recettë plädéiert de Präsident vun der Staatsbeamtegewerkschaft derfir, dass d’Kannergeld nees indexéiert soll ginn.
Wat déi sëlleche Schoulreformen aus de leschte Joerzingte betrëfft, hätt een de Feeler gemaach, dass een ëmmer nei Reformen decidéiert hätt, ouni der viregter d’Chance ze ginn, richteg ze gräifen.
Sujet war natierlech och déi aktuell Euro-Scholden- a Bankekris ... do reprochéiert den Emile Haag der Politik eng gewëssen Hypocrisie.