Invité am Background am Gespréich ass dëse Samschdeg den neie Buergermeeschter um Knuedler an DP-Fraktiounschef Xavier Bettel.

Et ass eng rasant politesch Carrière, déi de Xavier Bettel schonn hannert sech huet. Mat 26 Joer gouf hien 1999 Députéieren, 2005 ass e Schäffen an der Stad Lëtzebuerg ginn. 2009 koum de Poste vum Fraktiounschef an der Chamber an am Januar gëtt hien neie Buergermeeschter um Knuedler. Mat him analyséiere mer awer och déi aktuell Regierungspolitik, d'Situatioun vun der DP, d'Zukunft vum Land an et geet och ëm Privates.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.