29. Oktober: Jacques Santer

© Roland Miny (Archivbild)
Dëse Samschdeg am "Background am Gespréich" de fréiere Kommissiounspresident, fréieren Europa-Deputéierten an Éirestaatsminister Jacques Santer.
Europa huet eng laang Woch vu Krisereunioune gepackt: Déi Decisiounen, déi vun den europäesche Politiker erwaart goufen, fir endlech konkret Léisungen aus der Scholden- a Bankekris opzezeechnen, goufen endlech geholl.
Wéi gesäit een iwwerzeegten Europäer déi aktuell Entwécklung? Wou steiert d'EU hin? Wat fir eng Zukunft huet d'Eurozon? Déi an nach aner Froe stelle mer dëse Samschdeg am Background am Gespréich Éirestaatsminister Jacques Santer.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.