5. November: Patrick Dury

Dëse Samschdeg am "Background am Gespréich", den LCGB Generalsekretär an eenzege Kandidat fir de Poste vu nächsten LCGB President, de Patrick Dury.
An der Emissioun, geet et e.a. ëm d'Schwieregkeete bei der Beschäftegungsinitiativ Proactif. Wéinst deene Schwieregkeete gëtt de Verwaltungsrot erneiert: De Patrick Dury huet och den Numm vum nächste President vum Verwaltungsrot genannt: et huet missen eng Persoun fonnt ginn, déi esou gutt d'Vertraue vun der Gewerkschaft wéi och vum Aarbechtsminister misst hunn. Dee Mann ass de Norbert Conter. De Conseil kritt déi Propose de Méindeg gemaach.
AUDIO: De komplette Background nachemol lauschteren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.