12. November: Ierfgroussherzog Guillaume

© René Scho
Invité am Background am Gespréich ass dëse Samschden den Grand-Duc Héritier Guillaume, deen dës Woch seng 30 Joer feiert.
Den Ierfgroussherzog Guillaume kritt dëse Freideg 30 Joer.
Ee Samschdeg ass de Grand-Duc Héritier Invité bei eis an der Emissioun Background am Gespréich.
Mir schwätze mat him iwwert déi grouss Aufgaben a Responsabilitéiten op déi hien sech preparéiert.
Mir schwätzen awer och iwwert dem Ierfgroussherzog seng Jugend, seng Frënn, säi Museksgoût an et gëtt eng Fra u senger Säit.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.