Den André Hoffmann ass dës Woch als Deputéierten an d'Pensioun gaangen an ass eisen Invité am Background.

De Politiker vun déi Lénk a fréiere Philosophie-Professer ass bekannt fir seng präzis Aussoen. Mat him kucke mer zréck op d'Studentebewegung, seng politesch Carrière a kommentéieren och d'Aktualitéit, zum Beispill déi geplangte Reform am Lycée.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.