Eng ganz Partie Sujeten, déi den Ament an der Aktualitéit sinn betreffen d'Ressorte vun der Familljen- a Kooperatiounsministesch Marie-Josée Jacobs.

Mir hunn si dowéinst fir dëse Samschdeg an d'Emissioun Background am Gespréich invitéiert. Mir schwätze mat hir natierlech iwwert déi aktuell Diskussioune ronderëm Demandeurs d'Asyl. Net ze kuerz kommen d'Problemer am Fleegesecteur an d'Aarmut hei zu Lëtzebuerg. Mir zéien awer och Bilan vum Joer vum Benevolat a kucken ënner anerem wéi et mat de Qualitéitscritèren an de Betreiungsstrukture fir Kanner ausgesäit. Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.