3. Dezember: Mady Delvaux-Stehres

D'Educatiounsministesch, 2 Proffen an ee Schüler diskutéieren déi geplangte Schoulreform am Secondaire.
Siele gëtt eng Diskussioun esou emotional gefouert, wéi déi iwwert d'Schoulreform. Schüler a Proffen ginn op d'Strooss – d'Zeitunge si voller Lieserbréiwer.
Brauche mer eng Reform? Oder ass alles gutt esou wéi et ass? D'Schoulreform ass eise Sujet dëse Samschdeg an der Emissioun Background. Do sëtzt d'Educatiounsministesch un engem Dësch mat zwee Proffen an engem Schüler fir ze diskutéieren.
AUDIO: De komplette Background nachemol lauschteren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.