Background am Gespréich ... mam neien Äerzbëschof, dem Jean-Claude Hollerich.

Mat der Ernennung vum neien Hiert vun der kathoulescher Kierch ass och d'Hoffnung no Ännerung an Opbroch verbonnen. De Jean-Claude Hollerich ass virun 2 Méint mat héijen Uspréch d'Amt vum Äerzbëschof ugaangen, hien huet den Dialog mat alle Kräften am Land gesicht.

E Samschdeg froen mer no, wat den Äerzbëschof dann no dëse Gespréicher ze soen huet an wéi den „Annuntiate“ seng Friichte kann droen ... mä wat sinn d'Pläng géint eidel Kiirchen an Paschtéier, déi ëmmer méi rar ze fanne sinn?

Wéi steet mat der finanzieller Trennung vu Kierch a Staat an wat ass nach de Stellewäert vum Reliounsunterrecht? Wéi begeeschtere kann d'Kierch nach a wat muss sech un de Strukturen oder och um Message änneren?

Op dës an aner Sujeten kommen mer e Samschdeg mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich ze schwätze, woubäi mer och op de Privatmënsch aginn.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.