De Minister Mars Di Bartolomeo huet säi Projet vun der Pensiounsreform fäerdeg an hien ass och den Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich.

Ass eise Rentesystem nach ze halen, a wann net, wat fir Schrauwe missten ugezu ginn? Ginn eis Pensioune gekierzt, oder musse mir méi laang schaffe goen? 

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.