7. Januar: Romain Schmit

Am Background am Gespréich e Samschdeg froe mer den Direkter vun der Handwierkerfederatioun Romain Schmit, wéi et sengem Secteur geet.
D'Handwierk ass ee vun de Pilieren vun der Lëtzebuerger Economie. 5.000 Betriber, 70.000 Aarbechtsplazen, iwwer 3 Milliarden Ëmsaz. Donieft schwätze mer mat him iwwert d'Tripartite an d'Erausfuerderunge fir d'Zukunft.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.