Invitéen an der Emissioun "Background am Gespréich" e Samschdeg waren den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, den CSV-Deputéierten an d'Ëmweltministesch.

Dat wat muss geschéien ass enorm. Wéi een dohinner kënnt, ass nach ëmmer net ganz kloer. Villes ass gutt, villes feelt nach. An et heescht, jiddereen z’iwwerzeegen. Sou kann een de Background am Gespréich iwwer de Klimaschutz an d’Weltklimakonferenz resuméieren.

Invitéeë ware live vu Glasgow vun der UN-Klimakonferenz déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an am Studio waren de Greenpeace-Direkter Raymond Aendekerk an den CSV-Deputéierte Paul Galles, deen och zu Glasgow war.

"Mir hu mega grouss Ambitiounen, awer nach net de richtege Plang, fir se ëmzesetzen", mengt den CSV-Deputéierten. Hie schwätzt vun enger paradoxaler Situatioun.

Sou eng Konferenz wär spannend an och den Opwand wäert, well Klimaaktivisten treffe sech mat der Politik. D’Virreiderroll vun Europa ass fir hie ganz interessant. Déi Jonk hätte Recht, alles ze hannerfroen an dee soziale Volet dierft net ze kuerz kommen. Klimaschutz kascht dacks Suen, déi een emol muss hunn. An déi méi aarm Länner kréien d’Konsequenze vum Liewe vun de räiche Länner of.

D‘Tëschenaccorden, déi zu Glasgow gemaach gouf, begréisst den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk, mä si ginn awer net duer. Grouss Industrielänner hunn zwar Versprieche gemaach, fir klimaneutral ze ginn. Mä d‘Decisiounen, déi si dann national huelen, wären net um selwechten Niveau wéi d‘Verspriechen.

D’Ministesch Carole Dieschbourg schwätzt vun engem positive Geescht. Mä insgesamt wär een net séier genuch, dat huet d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zouginn, déi live vu Glasgow zougeschalt war. Do hätten déi jonk Klimaaktivisten a Klimaaktivistinne wéi d‘Greta Thunberg scho Recht. Nëmme Blabla wär et net. Mat esou vill Länner – bal 200 – wär et och normal, datt et net sou séier viru geet. "Mir kämpfen als Bréckebauer", sou d‘Ministesch. Déi méi grouss Pollueuren ewéi China an Indien missten nach méi ambitiéis Accorden ënnerschreiwen. 200 Staate koumen zu Glasgow zesummen, alleguer mat ënnerschiddlechen Interessien. Frustrant wären d‘Negociatiounen awer net gewiescht, fënnt d‘Ëmweltministesch. An der aktueller Propos vun der Ofschlossdeklaratioun, déi jo nach net ofgeseent ass, wären Acquisen dran. Zum Beispill fir méi Inklusivitéit, fir och indigen Populatioune matschwätzen ze loossen. Dat wär wichteg.

De Raymond Aendekerk huet kritiséiert, datt ënnert anerem de Finanzsecteur och nom Paräisser Accord nach a fossil Energien investéiert huet. Hien ass deemno gespaant, wéi staark d‘Lobbyiste vun der fossiller Industrie dës Klimaaccorden nach verwässeren. Hie plädéiert fir méi breet an allgemeng de System z’iwwerdenken.

D’Betriber maache sech Suergen iwwer nei Mesuren am Sënn vum Klimaschutz. Wéi wäerten d‘Changementer si treffen? Ee Patron, de Jean-Marie Neuberg, huet erzielt. D’Entrepreneure fille sech op d’mannst deels mat der Ëmsetzung eleng gelooss. Déi dräi Invitéeën am Background verstinn déi Bedenken.

Sonnepanneauen op de Betriber wären zum Beispill awer e Must an do missten d‘Entreprisë vill méi séier ënnerstëtzt ginn. Dat hunn den Direkter vu Greenpeace an den CSV-Deputéierte gefuerdert.

D’Ministesch huet déi vill Primmen ervir gehuewen, déi een och nach wéilt verbesseren, deels och virstrecken, an op déi een am Ausland deels mat Näid kuckt. E Betrib misst awer haut an eng Zukunftstechnik investéieren.

Background am Gespréich vum 13. November 2021

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.