Background am Gespréich ... mam Finanzminister Luc Frieden.

Eurokris, Finanzkris, Wirtschaftskris, "Downgrade", Indexmanipulatioun, Staatsschold, Defizit am Budget, etc.

Déi gutt Nouvellë si rar den Ament oder ass déi ganz nei Nouvelle vum Risikokapitalfong vläicht eng positiv?

Mir ginn all deene Froen no ee Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich" mam Luc Frieden.

Mir maache souzesoen de "Kassensturz" mam Finanzminister a kucken, wat de Budgetsminister an den nächste Joere wëlles huet.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.