An der Emissioun "Background am Gespréich" waren de Christian Faber, de Patrick Muller, d'Katharina Lemberg-Licherfeld an d'Nancy Kemp-Arendt invitéiert.

Den Europarot geet dovunner aus, datt an Europa all 5. Kand Affer vu sexueller Gewalt gëtt.

Betraffe Kanner a Jonker soen dacks näischt, se äussere sech net verbal an awer maache se drop opmierksam, datt et hinnen net gutt geet.

Et ginn eng ganz Rei Signaler, déi ee bei Kanner, déi mëssbraucht goufen, feststellt. D’Katharina Lemberg-Lichterfeld ass Doktesch fir Psychiatrie a beschäftegt sech besonnesch mat der Kanner- a Jugendpsychiatrie.

Si weess aus Erfarung wéi d’Behuelen vu Kanner oder Jonken, déi mëssbraucht goufen, sech verännert.

"Dat ass dacks e Verhalen, dat net ubruecht ass an deem Alter net méi entspriechen. Psychosomatesch Stéierungen, Problemer an der Schoul, Aggressivitéit virun allem bei Jongen. D’Meedercher tendéieren besonnesch zu Depressiounen an isoléiere sech sozial. Si weisen domadder, datt iergendeppes an der Entwécklung net ass wéi et soll."

D’Täter vu Mëssbrauch fënnt een zum dacksten an de Famillen, seet d’Psychiaterin an och d’Nancy Kemp-Arendt betount, datt se meeschtens do sinn, wou se eng Vertrauensrelation zu hirem Affer kënnen opbauen. D’CSV-Deputéiert engagéiert sech schonn zënter ville Joren am Kampf géint de Mëssbrauch.

"Si si virun allem am ganz enken Ëmfeld vun den Affer, et si ganz dacks Vertrauenspersounen, Persounen, déi Muecht kënnen ausüben, wou also eng gewëssen Ofhängegkeet besteet vum Affer vis-à-vis vum Täter. Si sinn an der Noperschaft, se sinn an der eegener Famill, Fräizäit, Kultur, Sport. Dat ass evident an et ass jo dat, wann een esou eng Vertrauenspersoun am enken Ëmfeld huet, wat et esou liicht mécht, fir den Täter an et sou schwéier mécht, fir d’Affer fir eppes ze soen. Et ass ganz dacks frou, mat där Persoun, déi et mëssbraucht huet an dofir ass et jo och esou dramatesch, datt net 10 bis 12 Prozent vun den Affer eng Plainte maachen."

D’lescht Joer hu sech 10 Mënsche bei der Kierch gemellt, déi vu Kiercheleit mëssbraucht goufen, wéi de Generalvikar Patrick Muller sot. Déi Méiglechkeet hunn d’Affer jo zënter 2010.

De Gros vun der Fäll wier aus de 60er a 70er Joren, se wieren an Tëschenzäit alleguer verjäert.

De Christian Faber ass als Bouf selwer vun engem Pater an engem Internat mëssbraucht ginn. Dee schëllege Pater hätt laang net méi dierfen do sinn, well e virdru schonn erwëscht gouf, wéi e sech un engem anere Jong vergaang huet. Wann dann esou Expertise publizéiert ginn, wéi elo rezent an Däitschland, wou d’Affekote jo notamment zur Conclusioun kommen, datt och den emeritéierte Poopst Benoit de 16ten als Kardinol Ratzinger Mëssbrauch vertuscht huet, mécht dat natierlech rosen.

De Christian Faber:

"Et gëtt ëmmer nëmmen dat zouginn, wat an der Press erauskënnt. Fir d’Affer ass dat en absoluten No-Go. 2019 huet de Poopst gesot,  si géifen definitiv opklären an zënterhier ass guer näischt geschitt. Mir sëtzen do a kréie keng Hëllef an och keng Satisfaktioun. Hutt dir de Poopst an deene leschte 14 Deeg héieren? Huet deen eppes gesot zum Kardinal Ratzinger? Nee! Do gëtt einfach gemaach, wéi wann näischt wier an dat ass schued."

De Christian Faber géif sech iwweregens och eng änlech Expertise zu Lëtzebuerg wënschen, wéi déi déi elo an Däitschland gemaach gouf.

De Generalvikar schléisst et net ganz aus, datt d’Kierch deem Wonsch no kënnt, mä eng Zouso héiert sech anescht un.

"Mir kucken eis elo mol un, wat d’Nopeschdiözese maachen. Dat gëtt a ville Beräicher jo och vu Lëtzebuerg aus gemaach. München, dat ass eng Diözes, déi huet 6 Mol méi Geeschtlecher wéi Lëtzebuerg, déi hunn och ganz aner Mëttel, déi hunn elo wärend zwee Joer Leit beoptraacht, fir an der Kierch ze kucken wat lass ass. Dat schléisse mir net aus, mir schwätzen och doriwwer, mir iwwerleeën dat."

D’Kierch zu Lëtzebuerg hätt och zënter 2010 scho vill gemaach, fir de sexuelle Mëssbrauch ze bekämpfen.

Op engem Punkt waren eis Invitée sech alleguer eens, Lëtzebuerg brauch eng staatlech Plaz, eng neutral Plaz, wou Affer vu Mëssbrauch sech kënne mellen.

Déi däitsch Etüd «Safe Sport» koum zur Conclusioun, datt et am Sport duebel sou vill Mëssbrauchsfäll gëtt, wéi an der evangelescher a kathoulescher Kierch zesummen. Ouni ee Beräich besonnesch wëllen ze stigmatiséieren, huet d’CSV Deputéiert a fréier Héichleeschtungssportlerin Nancy Kemp Arendt firwat de Sport vläicht méi ufälleg ass.

"De Sport ass an deem Sënn vläicht méi ufälleg, well och hei déi Muechtpositioun, déi vläicht Trainer hunn, Dokteren oder och offizieller vum Verband, wou d’Athleten einfach ofhängeg sinn vun hirer Decisioun, wie matgeholl gëtt an en Trainingslager, wie matgoen dierf op eng Course."

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.