An der Emissioun waren d'Generaldirectrice vum Liser, eng Vertriederin vun der Plattform JIF an den Direkter vun der Salariatskummer eis Invitéeën.

De Background vum 12. Mäerz 2022

Déi aktuell Krisen, Pandemie, Krich an Energieaarmut, aus der Siicht vun der Geschlechtergerechtegkeet: dorëm goung et an eiser Emissioun Background e Samschdeg de Mëtteg op RTL.

Den Ament wier d'Solidaritéit ganz grouss, ma et misst een oppassen, datt ukrainesch Flüchtlingsfraen net laangfristeg an d'Ausbeutung duerch d'Aarbecht oder a sexuelle Mënschenhandel rëtschen. Dat sot d'Jessica Lopes, Organisatrice vum Fraestreik an Assistante sociale bei der Asti. Lëtzebuerg wier do bis elo net gutt opgestallt.

Fraen, déi keng Pobeieren hunn an Affer vu Gewalt ginn, géinge seele Plaintë maachen, well se vun der Police systematesch bei der Direction de l'immigration gemellt ginn. Do misst ee weider Drock maachen, sou d'Assistante sociale. Fraen ouni europäesche Pass wiere souwisou scho méi vulnerabel. D'lescht Joer haten ONGen de Fall vun enger Brasilianerin denoncéiert, déi no enger Plainte géint hire Patron, wéinst Abus a Mësshandlung, riskéiert huet, expulséiert ze ginn. Déi Fra ass theoretesch regulariséiert, hätt bis elo hir Openthaltsgeneemegung nach ëmmer net an d'Hand kritt an déi géif och schonn am Juni nees oflafen, huet d'Jessica Lopes kritiséiert.

Krichssituatioune sinn ni Geschlechter-neutral, sot d'Aline Muller, Direktesch vum sozio-ekonomesche Fuerschungsinstitut Liser. Schonn an de leschte Joren hätt ee Rapporte gewisen, datt d'Gewalt géint Fraen an den ukrainesche Konfliktregiounen Donesk a Luhansk zougeholl hätt.

Steierlech Entlaaschtungen, fir der Präisdeierecht entgéint ze wierken

Den Direkter vun der Salariatskammer Sylvain Hoffmann fuerdert virum Hannergrond vun der Präisdeierecht méi eng staark Reaktioun vun der Politik, wann d'Leit mat därmoossen héije Präishausse konfrontéiert sinn. Déi Moossnamen, déi bis elo annoncéiert goufen, wiere ganz schwaach par rapport zum Spillraum, deen een u sech hätt.

Vill Leit, notamment vill Fraen, wieren nun emol och op den Auto ugewisen, well se Schichte schaffen a scho virun der Pandemie hätte 25% vun alle Stéit, eegenen Aussoen no, Problemer gehat, fir iwwert d'Ronnen ze kommen.

Den Index dierft net nëmme spillen, wann d'Inflatioun niddreg ass, betount den CSL-Direkter. An et dierft ee lo net ee géint deen aneren ausspillen. Virun allem well de Staat u sech ganz gutt duerch d'Pandemie komm ass a genuch Steierrecetten do wieren, fir geziilt deenen ënnert d'Äerm ze gräifen, déi et brauchen. Konkret kéint een, der Salariatskammer no, iwwert eng Adaptatioun vum Steierbarème respektiv eng Hausse vum Crédit d'impôts an der Deierechtzoulag. An zwar direkt an net réischt virun den Ouschteren am Kader vun der Tripartite an och bis an d'Mëttelschicht eran.

Liser-Etüd iwwer den Impakt vun der Pandemie op d'Geschlechter

De Liser huet dës Woch och eng Etüd iwwert den Impakt vun der Pandemie op Fraen a Männer publizéiert.
Déi huet gewisen, datt d'Fraen déi sozio-ekonomesch Konsequenze vun der Pandemie méi ze spiere kruten, wéi d'Männer.

D'Krisemesurë wiere Geschlechter-neutral konzipéiert ginn, ma se hätte kee Geschlechter-neutralen Impakt, sot d'Aline Muller - e Constat, deen och vun deenen 2 aneren Invitéeë Jessica Lopes a Sylvain Hoffmann gedeelt gouf. Zum Beispill hu méi Fraen de Congé pour raisons familiales geholl, hu méi Fraen doheem Homeoffice an Homeschooling gemaach a sinn och méi Fraen an der Pandemie entlooss ginn oder an de Chômage partiel gerëtscht. Frae waren och duerch hir Beruffer, wéi am Fleegeberäich oder dem Botzsecteur, méi dem Infektiounsrisiko ausgesat.

Den Direkter vun der Salariatskummer huet ervirgestrach, datt 16 Prozent vun de Fraen an der niddregster Akommesstuf sinn, awer just 8 Prozent vun de Männer.

Fraen hu sech och méi Suerge gemaach an der Pandemie, hate méi mentalen Drock. Homeoffice wier hei och e Risikofacteur, fir den Uschloss am Betrib ze verléieren, sech sozial ze isoléieren an doheem de Stot an d'Aarbecht mateneen ze verschmëlzen. Do misst ee ganz gutt oppassen, hunn eis Invitéeë gewarnt.

Aarbechtszäitreduktioun zum vollen Lounausglach fir méi Chancëgläichheet

Och wann den Gender-Pay-Gap also den Ënnerscheed an de Paien tëscht Fra a Mann mat 1,4% beim Stonneloun u sech net sou grouss wier zu Lëtzebuerg, géingen awer a ville Beruffer, an deenen een net vill verdéngt, méi Frae schaffen - och wann zum Beispill am Botzsecteur d'Männer, déi do schaffen, grad sou wéineg verdéngen, wieren d'Frae strukturell awer méi betraff. Am Finanzsecteur beispillsweis leien d'Paie ganzer 30% auserneen, obwuel et gesetzlech verbueden ass, fir an der Karriär ausgebremst ze ginn, wann een zäitweileg ophält mat schaffen.

De Sylvain Hoffmann an d'Jessica Lopes hunn och fir eng Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich plädéiert - ideal wiere 4 Schaffdeeg an der Woch. Eng 40 Stonnewoch vun nëmme 4 Deeg, woubäi een dann all Dag 10 Stonnen amplaz 8 schaffe misst, wier sécher net de richtege Wee. Eng allgemeng Aarbechtszäitreduktioun dogéint géing awer dozou bäidroen, d'Aufgaben doheem och besser ze verdeelen, an et géing och deem entgéint wierken, datt vill méi Frae wéi Männer Deelzäit schaffen.

Hei wier et och wichteg, en Droit de retour au plein-temps anzeféieren, esou de Sylvain Hoffmann, deen och duerfir antrëtt, fir méi Transparenz an de Betriber iwwert d'Lountabellen ze kréien.

Méi Fraen a Responsabilitéitsposten duerch Quoten

Och an de Féierungspositioune si Fraen zu Lëtzebuerg nach éischter d'Ausnam. D'Politik setzt bis elo op "actions positives". Eis Invitéeë ware sech awer eens, datt d'Quote kéinte méi en effikasst Instrument sinn, fir dësem Mëssstand méi offensiv a méi séier entgéint ze wierken. An enger perfekter Welt wiere Quoten wuel sënnlos, mä den Ament wiere se awer nach néideg.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.