De Background am Gespréich dëse Samschdeg also mam Vize-Premier an Ausseminister Jean Asselborn...

...deem seng rezent Aussoen iwwer d'Situatioun an Ungarn oder den EU-Fiskal-Pak jo nawell fir Echoen an der internationaler Press gesuergt haten...ma e Samschdeg schwätzen mer net nëmmen iwwert d'Situatioun an anere Länner oder iwwert d'Problematiken, déi der EU den Ament zousetzen, mee mir beliichten och national Sujeten, wéi d'Modulatioun vum Index oder der LSAP hir Positioun zu gesellschaftlechen ma och gewerkschaftleche Sujeten an kommen och op den Privatmann Asselborn ze schwätzen.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.