11. Februar: Etienne Schneider

Zanter enger décker Woch huet d'Land een neie Wirtschaftsminister an et ass een denkbar schwéieren Ament, fir dee Ressort z'iwwerhuelen.
Héich Chômagezuelen, Industrie, déi verschwënnt a moere Wuesstem.Am Background am Gespréich mam Etienne Schneider geet et nieft der Zukunft vum Land ëm seng politesch Carrière an d'LSAP.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
- Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
AUDIO: De komplette Background mam Etienne Schneider nachemol lauschteren.