D'Emissioun Background am Gespréich stoung e Samschdeg ganz am Zeeche vum Klimawandel respektiv -Schutz. Dat kuerz virum Ufank vun der Weltklimakonferenz.

D'Konsequenze vum Klimawandel kommen ëmmer méi no. Déi extreem Temperaturen dëse Summer, dat schrecklecht Héichwaasser am Ahr-Dall an Däitschland, oder och déi Dausenden Hektar ze dréchene Bësch, déi uechter ganz Europa verbrannt sinn, sinn nëmmen e puer Beispiller dofir. Fir dëse weltwäite Problem vun der Äerderwiermung an de Grëff ze kréien, komme vun e Sonndeg u Verhandlungsdelegatiounen aus bal 200 Länner an Ägypten fir déi antëscht 27. Welt-Klimakonferenz zesummen.

En Vue vun där COP27 waren e Samschdeg d'Birgit Engel vun der Associatioun Action Solidarité Tiers Monde, d'Ariane König vum Observatoire fir Klimapolitik an den André Weidenhaupt, Premier Conseiller am Ëmweltministère, Invitéeën an der Emissioun "Background am Gespréich".

Wéi 2015 op der Klimakonferenz zu Paräis d'Zil festgehale gouf, d'Äerderwiermung wëllen ënner 1,5 Grad ze halen, war d'Euphorie iwwert deen Accord immens grouss. Dem André Weidenhaupt no wier dës Euphorie och nach ëmmer do. Se wier deels och d'lescht Joer op der Klimakonferenz zu Glasgow erëm opgeflaamt, well hei eng Rei wichteg Decisioune geholl gi wieren.

Dës COP an Ägypten wier dogéint éischter eng Ëmsetzungskonferenz, op där villes, wat an de leschte Joren decidéiert gouf, misst a konkret Mesuren iwwersat ginn.

Der Birgit Engel, vun der Associatioun Action Solidarité Tiers Monde sinn déi Prozeduren allerdéngs vill ze schwéierfälleg. Déi am schlëmmste vum Klimawandel betraffe Länner hätte keng Zäit, fir nach jorelaang dorop ze waarden, dass d'Länner am globalen Norden hir CO2-Emissioune massiv erofschrauwen an esou d'Äerderwiermung bremsen.

Dem UN-Ëmweltprogramm no missten déi weltwäit CO2-Emissioune bis 2030, also an den nächste gutt 7 Joer, ëm 45 Prozent erofgoen, fir déi 1,5 Grad nach kënnen anzehalen. An dat wier nëmme mat radikale Verännerungen z'erreechen.

Déi dräi Invitéeë waren sech eens, dass et dofir gréisser Verännerungen am Verhale vun de Leit och hei zu Lëtzebuerg bräicht. Ënnert anerem bei der Consommatioun. Lëtzebuerg géif nämlech net nëmmen Zäregasemissiounen hei am Land generéieren, ma duerch déi vill Importer wiere mir och responsabel fir vill Emissiounen an anere Länner.

Zanter ronn engem Joer gëtt et zu Lëtzebuerg den Observatoire fir Klimapolitik, an deem siwen Experten aus ënnerschiddleche Beräicher sëtzen, dorënner d'Ariane König. Den Observatoire huet eng ganz Rei Mesuren ausgeschafft, déi néideg wieren, fir eis CO2-Emissiounen nohalteg erof ze drécken. Ee Volet betrëfft d'Mobilitéit. Hei misst ee fort vum Individualverkéier kommen a méi op de Vëlo an den ëffentlechen Transport setzen. Ma dofir misst d'Infrastruktur nach weider ausgebaut ginn.

Grad a Punkto Mobilitéit huet den André Weidenhaupt nach betount, dass antëscht ee Véierels vun den nei ugemellten Autoen hei am Land Elektroautoe sinn.

Fir nohalteg Verännerungen z'erreechen, misst een d'Leit awer mathuelen. An dat géif een am beschten erreechen, wann ee ganz konkret an um lokale Plang Mesurë géif zesumme mat de Leit ausschaffen. Am Kader vum Klimapakt géif een do mat de Gemenge gutt virukommen, esou den André Weidenhaupt.

Background am Gespréich vum 5. November

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.