E Samschdeg waren d'Gesondheetsministesch, de President vun der AMMD an de President vun der Spidolsfederatioun FHL eis Invitéen am Background.

Et ass en Accord fonnt ginn, tëscht dem private Cabinet mat IRM um Potaschbierg an dem CHL. Dat war eng vun de groussen Annoncen an eiser Emissioun Background am Gespréich iwwer d'Lëtzebuerger Gesondheetspolitik.
Invitéiert waren d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert,
de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, den Dr Alain Schmit
an de President vun der Spidolsfederatioun FHL, den Dr Philippe Turk.

Méintelaang war diskutéiert ginn, nodeems d‘Praxis Fakte geschaaft hat an ouni gesetzleche Kader seng Dieren opgemaach hat. D'Gesondheetsministesch betount, dass de Pilotprojet huet missen rechtlech encadréiert ginn. Och de Finanzement an d'Qualitéitsgarantie hunn missen gekläert ginn. Dowéinst hätt een och de Gesetzprojet 8009 iwwer de Virage Ambulatoire op d‘Been gestallt. Fir den Dr Alain Schmit ass et eng gutt Nouvelle fir d‘Patienten, allerdéngs misst een d‘Konventioun elo fir d‘éischt ënnert d‘Lupp huelen. D‘Angscht vun der AMMD ass, dass mam Gesetzprojet keng privat Initiativen vu Dokteren  méi zougelooss ginn. Dem widdersprécht d‘Gesondheetsministesch formell. Et wier definitiv net de leschte Projet an där Form, ville Leit stéingen an de Startlächer an wéilten esou Initiativen huelen

Accord fonnt: Garden an Astreinten gi retroaktiv bezuelt


E Sträitpunkt an de leschte Wochen war och d‘Bezuele vun de Garden (sur place) an den Astreinten („Rufbereitschaft) vun den Dokteren. Och do gouf endlech een Accord fonnt. D'Ministesch bedauert awer, dass dësen Accord tëscht der Spidolsfederatioun an dem Ministère fonnt gouf a sech d'AMMD deem net uschléisst.

De President vun der Spidolsfederation Dr. Philippe Turk begréisst, dass d'Dokteren, déi an de Spideeler d'Garden an Astreinten assuréieren, bezuelt ginn. Dat soll retroaktiv op den 1. Juni geschéien.
Dass ee sech net eens gi wier op engem Tarif, dat wier dat Eent, mee ze héieren, dass een elo ausgeschloss gi wier, dat wier "onerhéiert", sou de President vun der AMMD. E ganze Beruffsstand géing ausgeschloss ginn, sou den Dr Schmit. Et hätt een d‘Diskussiounen net éiweg kéinten hinzéien, erkläert d'Gesondheetsministesch. Zanter dem Summer 20/21 géing dat lafen. D‘Regierung hätt elo eng Enveloppe zur Verfügung gestallt an d‘AMMD hätt um  Dag vun der Quadripartite schrëftlech matgedeelt, dass si mat den Tariffer net d‘accord wieren. Als Ministesch wier et un der Zäit gewiescht ze handelen, sou d'Paulette Lenert.

Den Dr. Philippe Turk vun der Spidolsfederatioun erënnert nach dorunner, dass mat de medezinesche Conseilen, deemno och den Dokteren, aus de Spideeler verhandelt gouf. Et kéint een deemno net soen, dass e ganze Beruffsstand net mat abezu gouf.

Penurie mat Attraktivitéit bekämpfen

De Personalmanktem ass scho méi laang e Problem am ganze Gesondheetssecteur. Ma konkret Chiffere feelen, gëtt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert zou.

Vill Doktere fueren op der Felge, erkläert den Dr. Alain Schmit. D'Patiente géingen ëmmer méi aggressiv ginn, well d'Dokteren ze wéineg Zäit fir si hunn a si laang op hir RDVe musse waarden.

Et géing chronesch un Dokteren feelen a ganz Europa, gëtt den Dr Turk och zou. Allerdéngs dierft ee keng Panik maachen. Urgent IRMen an Interventioune géinge gemaach ginn. Et geet awer ëm d'Attraktivitéit vum Beruff an vum Spidol.

Den Accès aux soins, besonnesch beim Generalist, misst garantéiert ginn.

An dem Sënn proposéiert d'AMMD, dass d'Dokteren d'Méiglechkeet fir ausserhalb vun den Haiser nei Strukturen opzebauen, sou wéi déi um Potaschbierg. Mee dës Initiativen misste vun den Dokteren kommen a net "planwirtschaftlech" vum Staat, respektiv vun engem Minister vun uewen erof diktéiert ginn. Genee dofir hätt een de Gesetzprojet 8009 iwwer de Virage ambulatoire op d'Bee gestallt, erkläert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. De Pilotprojet um Potaschbierg wier jo och vu Privatdokteren ausgaangen. Elo kéinten och aner Initiativen an Zesummenaarbecht mat Spideeler entstoen an en règle mam Gesetz, huet d'Gesondheetsministesch erkläert. Mee si bedauert, dass d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun net méi bereet gewiescht wier matzeschaffen.

D'AMMD géing kritiséieren, et wier alles falsch an alles eng Katastroph, mee um Gesondheetsdësch hatt hie ganz wéineg konkret Propose vun der AMMD gesinn, esou den Dr. Philippe Turk vun der Spidolsfederatioun. Verschidde Spezialisatioune missten an de Spideeler bleiwen, fir dass sech eng Ekipp bilde kann, déi och dee néidegen Spezial-Wësse kéint opbauen. D'Spideeler dierften net geschwächt ginn. Och op dem Punkt gouf ferm diskutéiert. D'AMMD weist natierlech d'Kritik vu sech. Et hätt ee wéilten matschaffen an et hätt een och konkret Proposen gemaach.

Background am Gespréich vum 29. Oktober

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.